Jardinage Grün seet Merci

Jardinage Grün seet Merci
Jardinage Grün

Dir hudd eis gehollef, lo gi mir zeréck. Als Merci spenden mir u Fondatioun Kriibskrank Kanner an Survivors Lëtzebuerg!

 
Verfügbar in:  Deutsch

Merci vu ganzem Häerz!

Mir sinn iwwerwältegt vun Ärem Engagement! Iwwer 1100+ Mol gouf eisen Opruff gedeelt a mir hunn elo endlech eng nei Hal fonnt, wou mir alles ënner Daach kréien. Dir sidd einfach mega !

Fir Merci ze soen, wëlle mir eppes zeréckginn – net nëmmen un eis trei Clienten a Kolleegen, mä och un déi, déi et wierklech brauchen. Dofir maache mir eng Spendenaktioun:

  • 25% vun eiser Spend ginn un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner, déi Familljen individuell begleet – vun der Diagnos bis bei d'Remissioun. Si ënnerstëtze mat administrativen, finanziellen, psychologeschen a sozialen Hëllefen an organiséieren och rekreativ Aktivitéiten, fir d’Familljen an déi Betraffen an dëser schwéierer Zäit z’ënnerstëtzen.

 

  • 75% ginn u Survivors Lëtzebuerg, eng Grupp vu jonken Erwuessenen, déi eng Kannerkriibserkrankung iwwerwonnen hunn. Si setze sech mat de speziellen Erausfuerderunge vun hirem Liewen no der Krankheet auserneen, schafen e Raum fir den Austausch vun Informatiounen a deelen hir Erfarungen als fréier Patienten op internationale Gremie fir Kannerkriibs.

 

Elo sidd Dir gefrot! Mat engem klenge Geste kënnt och dir en Ënnerscheed maachen. De Spendeminimum ass 5€ an egal ob grouss oder kleng – all Cent zielt a mécht eppes Grousses méiglech.

 

Nach eemol e risege Merci fir all Är Ënnerstëtzung! Zesumme maache mir eng richteg Differenz!

Merci du fond du cœur ! 

Nous sommes impressionnés par votre engagement ! Plus de 1100+ partages pour notre annonce, et nous avons enfin trouvé un nouveau hangar qui nous permet de mettre au chaud tout notre matériel. Vous êtes simplement incroyables !

Pour vous dire un grand merci, nous voulons redonner – non seulement à nos fidèles clients et amis, mais aussi à ceux qui en ont vraiment besoin. C’est pourquoi nous lançons une action de don:

  • 25 % de notre don iront à la Fondation Kriibskrank Kanner, qui accompagne les familles de manière individuelle – du diagnostic à la rémission. Elle offre un soutien administratif, financier, psychologique et social, et organise également des activités récréatives pour soutenir les familles et les personnes concernées dans ces moments difficiles.
  • 75 % iront à Survivors Luxembourg, un groupe de jeunes adultes ayant surmonté un cancer infantile. Ils se consacrent aux défis spécifiques de leur vie après la maladie, créent un espace pour partager des informations et témoignent de leur expérience en tant qu’anciens patients sur des forums internationaux pour le cancer infantile.

Maintenant, c’est à vous de jouer ! Avec un petit geste, vous pouvez également faire une différence. Le don minimum est de 5 €, et que ce soit un grand ou un petit montant – chaque centime compte et rend de grandes choses possibles.

Encore une fois, un immense merci pour tout votre soutien ! Ensemble, nous faisons une véritable différence ! 

Updates

Laden...

Spendensammler

Laden...
Gestartet am 02.12.24
Gesehen 351x

Spendenaktion organisiert von:

Jardinage Grün

Jardinage Grün

 

Spenden

 
Alle Spenden anzeigen
Gestartet am 02.12.24
Gesehen 351x
Website Widget
Füge ein Widget dieser Spendenaktion zu einer Website oder einem Blog hinzu